• Nondikass - Liewen am Rhythmus vun der Natur
    Mar 14 2024

    Mir sinn all een Deel vun der Natur also géift et dach Sënn maachen och an deem Rhythmus an am Aklang mat der Natur ze liewen oder net?

    Wéi oft bass du an der Natur a wei vill kriss du dovun och bewosst mat? Wei eng Naturritualer oder Naturzyklen kann een am Alldag mat abauen an erliewen?

    Mir beschwätzen an dëser leschter Episode vun der Wantersaison wat do ënnert anerem méiglech ass.

    Merci fir d'Lauschteren an d'Ënnerstëtzen

    Fir weider Informatiounen iwwert eis an eis Aktivitéiten a Servicer:

    Telegram : wildandfree_lux

    Instagram: wildandfree_lux

    Facebook: Wild & Free Lux

    Mehr anzeigen Weniger anzeigen
    33 Min.
  • Nondikass - An der Rou läit deng Kraaft
    Mar 7 2024

    An der Rou fanne mer eis Kraaft an eis Kloerheet, dat ass schonn aalt Wëssen mee wei oft komme mer BEWOSST an d'Rou? Wei komme mer iwwerhaapt dohinner? Wei kréie mer Zougang zu engem vun deene schéinste Momenter vum Liewen no deem mer eis oft seenen.... d'komplett Rou a Geloossenheet.

    Um Teppech haut diskutéiere mer eis perséinlech Strategien a mat e bëssi Chance fënns du och an där Selektioun déi perfekt Method fir dech.

    Mehr anzeigen Weniger anzeigen
    26 Min.
  • Nondikass - Eegeléift, ass dat dat selwecht wei Egoismus?
    Feb 29 2024

    "Ech kucke mol fir d'éischt dass et mir gutt geet!"

    Weieng Reaktioun hues du op dee Saz? Kennt do fir dech ee risege "Jo, natierlech!" oder vläit éischter een "Boah wei egoistesch!"

    Eegeléift gëtt oft als Egoismus verstan a mir diskutéiere firwat dat oft sou gesi gëtt a wat Eegeléift fir eis bedeit.

    Mehr anzeigen Weniger anzeigen
    31 Min.
  • Nondikass - Spills de rëm oder granz de nach?
    Feb 22 2024

    Spillen ass dat natierlechst vun der Welt also wéini hues du fir d'lescht gespillt? Hëls du d'Liewen och mol spilleresch un oder bass de ëmmer am 'verstännege' Modus a reegs dech iwwer alles éischter op? Huel net ëmmer alles sou serieu a virun allem dech selwer net.

    Um Teppech diskutéiere mer eis an anere Leit a Kanner hier Spillverhalen a wei een d'Liewe vläit ka vun enger anerer Säit beliichten.

    Wéini souz du fir d'lescht op enger Schaukel oder waars op enger Rutschban? 

    Mehr anzeigen Weniger anzeigen
    35 Min.
  • Nondikass - Visiounen fir eis Gesellschaft
    Feb 15 2024

    Um Stuffenteppech hu mol e bëssi ronderëmgesponnen an eis gefrot wei mir eis déi ideal Zukunft fir eis Gesellschaft virstellen.. Wat géinge mir eis wënschen a wei soll dat idealerweis an Zukunft oflafen? Virun allem si mer eis eens dass et ganz kloer vill Loft no uewe gëtt vis-à-vis vun deem wat grad haut sou dobausse leeft. 

    Wat ass deng Zukunftsvisioun a wat mëss du fir där Iddi mei no ze kommen?

    Mehr anzeigen Weniger anzeigen
    41 Min.
  • Nondikass - Du bass de Regisseur vun dengem Liewen
    Feb 8 2024

    Wien decidéiert wierklech wat an dengem Liewe leeft? Bas du dat oder hunn deng Gedanke, Glawenssätz a Musteren dech am Greff? Spills du Rollen am Liewen oder decidéiers du authentesch zu dir selwer ze stoen an ze decidéiere wat wierklech richteg ass fir dech?

    Um Teppech diskutéiere mir wat Selbstbestëmmung a Selbstverantwortung ass a wei een a seng eege Power kennt an dra stoe bleift.

    Fann eis op Instagram: @wildandfree_lux

    Mehr anzeigen Weniger anzeigen
    31 Min.
  • Nondikass: Lassloossen
    Feb 1 2024

    A ville klengen a grousse Momenter am Liewe muss ee lassloosse fir kenne mei liicht a mei einfach virun ze goen, mee wei mëscht een dat? Wat kenne mer eigentlech alles lassloossen a firwat ass dat och oft sou schwéier? Wei kann een a Krisen an Transitiounen ëmmer rëm bei sech selwer kommen a rëm Kraaft tanken?

    Du däerfs all Dag nei decidéiere wats du fir dech an däi Liewe wëlls a wat net.

    Dat a villes mei zu deem Thema diskutéiere mir an eiser Ronn um Teppech.

    Mehr anzeigen Weniger anzeigen
    23 Min.
  • Nondikass: Erfolleg a Räichtum
    Jan 25 2024

    Wat ass fir dech Erfolleg? Wat brauchs du fir glécklech ze sinn? Geld? Carrière? Haus? Bezéihung? Auto?

    Wéini ass een ErfollegRäich?

    Mir hunn eis um Teppech doriwwer ënnerhale wat mir an eiser Gesellschaft als Erfolleg a Räichtum geléiert ginn a wat fir eis dat Gefill vu Fülle wierklech mat sech bréngt.

    Mehr anzeigen Weniger anzeigen
    37 Min.