• #15 - Martine Kemp
    Apr 17 2026
    Et gouf emol de Sproch "Hast du einen Opa, dann schick ihn nach Europa". Dat trëfft awer op keen esou wéineg zou, wéi op d'Martine Kemp, déi fir d'CSV am Europaparlament ass. Déi 31 Joer jonk Deputéiert steet eis dës Kéier Ried an Äntwert am Podcast MIKROSKOP. Firwat Europapolitik, wat kënne 6 vu 720 Deputéiert erreechen, keng Zesummenaarbecht mat Riets a wéi kritt een als Mamm Politik an d'Geplënners tëscht Stroossbuerg, Bréissel a Lëtzebuerg ënnert een Hutt. Dat sinn nëmmen e puer vun de Sujeten an der Emissioun.
    Mehr anzeigen Weniger anzeigen
    35 Min.
  • #14 - Marc Lies
    Mar 26 2026
    No iwwer 25 Joer an der Gemengepolitik, no iwwer 15 Joer Buergermeeschter, huet de Marc Lies d'lescht Joer ënnert net ganz einfache Konditiounen demissionéiert. An der neister Episod vun MIKROSKOP kuckt de Marc Lies zeréck op déi vill schéin a manner schéi Momenter an der Kommunalpolitik. Firwat ass Politik haut méi schwéier, wéi nach virun engem Véierels Joerhonnert, wéi kritt Hesper de Verkéiersproblem an de Grëff, wéi gesäit dem Marc seng Aarbecht an der Chamber aus a wat mécht de fréieren Izeger Futtballspiller haut a senger Fräizäit ? Dat a Villes méi gitt der an dëser Episod vum Podcast vun der CSV-Fraktioun gewuer.
    Mehr anzeigen Weniger anzeigen
    25 Min.
  • #13 - Georges Mischo
    Mar 12 2026
    No 2 Joer als Aarbechts- a Sportminister, ass de Georges Mischo zanter Uganks des Joers erëm Deputéierten um Krautmaart. Am Podcast Mikroskop schwätzt hien iwwert seng politesch Karriär. De groussen Erfolleg mat senger Ekipp zu Esch an awer och seng Demissioun zejoert als Minister. De Georges Mischo ass Sportler an also och Kämpfer. Hien ass motivéiert nach vill an der Politik ze bewierken.
    Mehr anzeigen Weniger anzeigen
    38 Min.
  • #12 - Jean-Paul Schaaf
    Jan 16 2026
    Ronn 20 Joer war de Jean-Paul Schaaf Buergermeeschter vun Ettelbréck, an och elo, als éischte Schäffe vun der Patton-Stad, läit him seng Heemecht an d'Nordstad nach ëmmer um Häerz. Mir schwätzen an dëser Episod iwwert déi geplangte Fusioun vu 4 Gemengen, mä natierlech och iwwert d'Aarbecht vum Jean-Paul Schaaf an der Chamber.
    Mehr anzeigen Weniger anzeigen
    35 Min.
  • #11 - Ricardo Marques
    Nov 26 2025
    Zu Iechternach, a senger Heemecht, hu mer de Ricardo Marques, de jéngsten CSV-Deputéierte getraff. Hien ass zanter eppes méi wéi engem Joer an der Chamber an erzielt, dass et net einfach war, nom Dout vum Max Hengel, fir hien nozeréckelen. De Ricardo mécht awer och Politik fir de Max mat ënnert anerem sengen Theme, wéi mental Gesondheet. Donieft schwätzt de Ricardo iwwert seng portugisesch Wuerzelen an am méi privaten Deel, verréit hien eis, firwat hien de "Kinnek vun Iechternach" ass.
    Mehr anzeigen Weniger anzeigen
    31 Min.
  • #10 - Marc Spautz
    Oct 10 2025
    De Marc Spautz ass den Invité fir déi parlamentaresch Rentrée. Den CSV-Fraktiounschef ass geléierte Mecanicien, hie war Gewerkschaftler an ass zanter 1994 an der Gemengen- an zanter 2004 an der Nationalpolitik, als Deputéierten an och kuerz Zäit als Minister. Firwat hien dacks als dat soziaalt Gewësse vun der Fraktioun bezeechent gëtt an d'Fraktioun net de Gesanksveräi vun der Regierung ass, dat verzielt de Marc Spautz an dësem Podcast. Dernieft gi mer awer och ënnert anerem gewuer wéi hien zum Äishockey komm ass.
    Mehr anzeigen Weniger anzeigen
    29 Min.
  • #9 - Claude Wiseler
    Jun 20 2025
    De Chamberpresident ass den Invité an der 9ter Episod vu "Mikroskop". De Claude Wiseler erzielt, wéi hien déi gréisst politesch Enttäuschung 2013 verkraft huet a firwat hien awer besonnesch de Poste vum Chamberpresident immens gären huet a wat hien nach wëll an der Chamber änneren. Donieft geet et ëm d'Wichtegkeet vun der Demokratie a mir léieren den éischte Bierger vum Land och Privat besser kennen.
    Mehr anzeigen Weniger anzeigen
    32 Min.
  • #8 - Laurent Mosar
    May 22 2025
    De Laurent, oder Laury, Mosar ass zanter iwwer 30 Joer an der Politik aktiv, lokal an der Stad an national an der Chamber. De Laury ass nach ëmmer ganz engagéiert, motivéiert a virun allem och gutt gelaunt. Wat dreift hien dann nach ëmmer all Dag un sech fir seng Matbierger anzesetzen a wat mécht de Laury privat......ausser Helene Fischer lauschteren ? Dat Alles gitt der an dëser Episod gewuer.
    Mehr anzeigen Weniger anzeigen
    33 Min.