• #40 Wéi geréiert ee 4.000 Mënschen? feat. Dr Martine Goergen
    May 6 2026
    D'Dr Martine Goergen ass Chirurg a säit 2024 Direkter vum CHL. An dëser Episod vun Déi gutt Mod schwätze mir iwwert hire Parcours - vum Lycée Michel Rodange iwwer d'Chirurgie-Formatioun zu Bréissel, Liewerchirurgie zu Madrid an Thoraxchirurgie zu Paräis bis bei d'Direktioun vun engem Spidol mat 4.000 Mataarbechter*innen. Si erkläert, firwat si gären Direkter an net Directrice genannt gëtt, firwat si trotz enger 60-Stonne-Woch als Direkter nach ëmmer operéiert - a firwat esou wéineg Chirurginnen sech déi Plaz huelen, déi hinne géif zoustoen. Zum Schluss schwätze mir iwwer Hyrox, Konscht an d'Fro, wéi een als Dokter léiert, eng schlecht Noriicht ze iwwerbréngen.
    Mehr anzeigen Weniger anzeigen
    43 Min.
  • #39 Wann net just de Patron, mee de Papp ewechfält feat. Chris a Marielou Haentges
    Mar 31 2026
    "Een Haentges kennt seelen eleng", soen hier Kolleegen iwwert se. Ma esou waret och fir eise Podcast: D'Schwëstere Chris an d'Marielou Haentges waren zesummen am Podcast zu Gaascht. Si sinn Allenzwee an der Gerance vun der Familljebetrib Asport mat dran, déi hier Elteren an den 80er gegrënnt hunn. Mee well si och eppes Eegenes op d'Been stelle wollten huet d'Marielou de Kleederbuttek Stitch virun e puer Joer iwwerholl an d'Chris huet virun e puer Méint de Fitnessstudio Omonia um Houwald opgemaach. Am Podcast schwätzen si oppen iwwert déi haart Zäit nom dout vun hirem Papp, an där d'Entreprise huet misse weider dréien an sech nei opstellen. Doduerch si si als Famill awer nach méi enk zesummegeréckelt. Et geet em dat schlecht Gewëssen, dat een huet wann een net schafft a wat déi permanent Erreechbarkeet domat zedinn huet. An mir fannen eraus wat d'Chris besser kann ewéi d'Marielou – an ëmgedréint.
    Mehr anzeigen Weniger anzeigen
    51 Min.
  • #38 Wéi ginn ech mat onfaire Situatiounen em? feat. Lis Fautsch
    Mar 10 2026
    D'Lis Fautsch ass eemoleg Fechterin a Mamm. An dëser Episod vun Déi gutt Mod schwätze mir iwwert d’Schwieregkeeten an d'Ongerechtegkeeten, déi hatt a senger Fecht-Karriär erlieft huet, d'Olympesch Spiller, fir déi hatt wärend senger Schwangerschaft trainéiert huet a säi Bezuch zu Sport haut - wou hatt net méi Profi-Fechterin ass. D'Lis Fautsch huet duerch eng Optioun am Lycée d'Passioun fir d'Fechten fir sech entdeckt. No der Première zitt et déi jonk Fra op Wien fir de Studium, ma dono decidéiert hatt sech awer dozou, et nach eng Kéier mat der Profi-Karriär ze probéieren a gëtt Sportzaldotin. Haut ass d'Lis Fautsch Responsabel vun der Kommunikatioun vum COSL an huet dräi Kanner.
    Mehr anzeigen Weniger anzeigen
    52 Min.
  • #37 Wat verbënnt Lëtzebuerg mat Brasilien? feat. Dominique Santana
    Jan 26 2026
    D'Dominique Santana ass Fuerscherin, Historikerin a Mamm. An dëser Episod vun Déi gutt Mod schwätze mir iwwer genee dës Rollen an d'Fro, wéi hatt et fäerdegbréngt, se am Alldag ze vereenen. D'lëtzebuergesch-brasilianesch Fuerscherin kënnt gebierteg vun Diddeleng a schafft haut am C2DH (Luxembourg Centre for Contemporary and Digital History) um Unicampus Belval. Hatt ass net nëmmen duerch seng Originne mat Brasilie verbonnen; eng Zäit laang huet hatt Rio de Janeiro säin Doheem genannt an den Dokumentarfilm A colônia luxemburguesa iwwer d'lëtzebuergesch Minnenaarbechter a Brasilie realiséiert. Aktuell ass d'Dominique schonn um nächste Projet beschäftegt. Wéi hatt dem Melody erzielt, funktionéiert säin Alldag – trotz wéineg Schlof wéinst engem klenge Kand – mat der Hëllef vu Yoga, Meditatioun a Matcha. Ernimmten Artikelen: Social Media am jonken Alter De Projet vum Dominique Santana “A colônia luxmeburguesa” : https://colonia.lu/de Radio Lëtzebuerg: https://radio.lu/en/
    Mehr anzeigen Weniger anzeigen
    47 Min.
  • #36 Wéi soen ech mengem Patron, dass ech Mamm ginn? feat. Hanna Meyer
    Jan 7 2026
    D’Hanna Meyer war wärend senge Studiejoren als dat bekannt, wat oft a vill Stagë mécht. No engem Stage an den USA wärend der Finanzkris 2008, verschléit et déi geléiert Kommunikatiouns-Expertin awer rëm zeréck op Lëtzebuerg. Mëttlerweil ass d'Hanna d'Directrice vum Kommunikatiouns-Departement vun der Chambre des Métiers an ass Mamm vun zwee Kanner. An dëser Episod schwätze mir iwwert säin akademesche Wee, deen hatt bis a Südfrankräich a South Carolina gefouert huet, d'Valorisatioun vum Handwierk a wéi hatt mat nëmme véier Stonne Schlof trotzdeem funktionéiert.
    Mehr anzeigen Weniger anzeigen
    43 Min.
  • #35 Muechtmëssbrauch an d'Wichtegkeet vu Feminismus feat. Jessika Rauch
    Dec 17 2025
    Jorelaang huet d'Jessika Rauch an der Privatwirtschaft geschafft, ier hatt de Courage hat, ze kënnegen an de Sprong an d'Selbststännegkeet gewot huet. Déi gebierteg Saarlännerin war scho beim SWR, Beiersdorf a Villeroy&Boch ugestallt. No engem hallwe Joer an Italien huet hatt dunn d'Decisioun geholl, Independant ze ginn. Haut lieft a schafft hatt zu Lëtzebuerg am PR-Beräich. An dëser Episod schwätze mir iwwert Iwwergrëffegkeeten op der Aarbecht, firwat de Fluchmodus heiansdo ganz hëllefräich ass a wéi d'Jessika domat ëmgeet, kee Moiesmënsch ze sinn, an dat an enger Aarbechtswelt, déi dorop ausgeluecht ass.
    Mehr anzeigen Weniger anzeigen
    47 Min.
  • #34 Onsiichtbar Care-Aarbecht am Betrib feat. Bérengère Beffort
    Nov 26 2025
    Journalismus, Politik a Kommunikatioun – d’Bérengère Beffort huet a senger Carrière an all deene Beräicher Erfarung gesammelt. Hatt war Journalistin an enger Zäit, an där et nach keng sozial Medie goufen, a Redaktiounskonferenzen, an deenen hefteg diskutéiert gouf, waren seng léifste Momenter. Haut ass hatt Head of Communications vun der Chambre de Commerce, wou hatt déi dräi Welten zesummebréngt. An dëser Episod erzielt hatt, firwat et sech lount, dem Rouegsten am Raum d’Wuert ze ginn, wéi seng Aarbecht um Ministère de l’Égalité des genres hatt laangfristeg gepräägt huet an, datt et onsiichtbar Care-Aarbecht och an Entreprisë gëtt.
    Mehr anzeigen Weniger anzeigen
    44 Min.
  • #33 Grenzen zéien an iwwerwannen feat. Thorunn Egilsdottir
    Nov 11 2025
    An dëser Episod schwätzt d’Melody mam Thorunn Egilsdottir, Expat Service Manager bei der Spuerkeess. Et geet ëm dem Thorunn seng Carrière – vun der Bank an d’Medien, erëm zréck an d’Bank – an em seng Motivatioun, sech stänneg weiderzebilden. Wéi fir eng Wikingerin ob hirem Schëff, muss et fir d’Islännerin ëmmer virugoen. D'Thorunn erzielt, wéi hat et gepackt huet, nieft engem Vollzäitjob als Marketingcheffin vun engem Medieverlag an als elengerzéiend Mamm, och nach e Master ofzeschléissen. Am Gespréich geet et och ëm seng Teenagerjoeren an Island an déi wichteg Roll, déi staark Frae schonn ëmmer an sengem Liewe gespillt hunn. Hei d'Artikelen déi an dëser Episod erwäänt goufen: https://journal.lu/de/die-vergessenen-50-prozent https://journal.lu/de/wie-toxische-maennlichkeit-und-queerfeindlichkeit-die-schule-erobern
    Mehr anzeigen Weniger anzeigen
    38 Min.