Déi gutt Mod Titelbild

Déi gutt Mod

Déi gutt Mod

Von: Melody Hansen | Lynn Warken | Lëtzebuerger Journal
Jetzt kostenlos hören, ohne Abo

Et waren emol eng Lokaljournalistin an eng Radiomoderatorin. Elo leede se gemeinsam e 76 Joer ale Mediebetrib, de Lëtzebuerger Journal. Wéi se dat maachen, erzielen d’Lynn Warken an d’Melody Hansen an dësem Podcast. Si schwätzen iwwert hiren Alldag an enger Féierungspositioun, hir Learnings, Beobachtungen awer och iwwert déi Saachen déi si owes wakereg halen.Lëtzebuerger Journal Management & Leadership Sozialwissenschaften Ökonomie
  • #40 Wéi geréiert ee 4.000 Mënschen? feat. Dr Martine Goergen
    May 6 2026
    D'Dr Martine Goergen ass Chirurg a säit 2024 Direkter vum CHL. An dëser Episod vun Déi gutt Mod schwätze mir iwwert hire Parcours - vum Lycée Michel Rodange iwwer d'Chirurgie-Formatioun zu Bréissel, Liewerchirurgie zu Madrid an Thoraxchirurgie zu Paräis bis bei d'Direktioun vun engem Spidol mat 4.000 Mataarbechter*innen. Si erkläert, firwat si gären Direkter an net Directrice genannt gëtt, firwat si trotz enger 60-Stonne-Woch als Direkter nach ëmmer operéiert - a firwat esou wéineg Chirurginnen sech déi Plaz huelen, déi hinne géif zoustoen. Zum Schluss schwätze mir iwwer Hyrox, Konscht an d'Fro, wéi een als Dokter léiert, eng schlecht Noriicht ze iwwerbréngen.
    Mehr anzeigen Weniger anzeigen
    43 Min.
  • #39 Wann net just de Patron, mee de Papp ewechfält feat. Chris a Marielou Haentges
    Mar 31 2026
    "Een Haentges kennt seelen eleng", soen hier Kolleegen iwwert se. Ma esou waret och fir eise Podcast: D'Schwëstere Chris an d'Marielou Haentges waren zesummen am Podcast zu Gaascht. Si sinn Allenzwee an der Gerance vun der Familljebetrib Asport mat dran, déi hier Elteren an den 80er gegrënnt hunn. Mee well si och eppes Eegenes op d'Been stelle wollten huet d'Marielou de Kleederbuttek Stitch virun e puer Joer iwwerholl an d'Chris huet virun e puer Méint de Fitnessstudio Omonia um Houwald opgemaach. Am Podcast schwätzen si oppen iwwert déi haart Zäit nom dout vun hirem Papp, an där d'Entreprise huet misse weider dréien an sech nei opstellen. Doduerch si si als Famill awer nach méi enk zesummegeréckelt. Et geet em dat schlecht Gewëssen, dat een huet wann een net schafft a wat déi permanent Erreechbarkeet domat zedinn huet. An mir fannen eraus wat d'Chris besser kann ewéi d'Marielou – an ëmgedréint.
    Mehr anzeigen Weniger anzeigen
    51 Min.
  • #38 Wéi ginn ech mat onfaire Situatiounen em? feat. Lis Fautsch
    Mar 10 2026
    D'Lis Fautsch ass eemoleg Fechterin a Mamm. An dëser Episod vun Déi gutt Mod schwätze mir iwwert d’Schwieregkeeten an d'Ongerechtegkeeten, déi hatt a senger Fecht-Karriär erlieft huet, d'Olympesch Spiller, fir déi hatt wärend senger Schwangerschaft trainéiert huet a säi Bezuch zu Sport haut - wou hatt net méi Profi-Fechterin ass. D'Lis Fautsch huet duerch eng Optioun am Lycée d'Passioun fir d'Fechten fir sech entdeckt. No der Première zitt et déi jonk Fra op Wien fir de Studium, ma dono decidéiert hatt sech awer dozou, et nach eng Kéier mat der Profi-Karriär ze probéieren a gëtt Sportzaldotin. Haut ass d'Lis Fautsch Responsabel vun der Kommunikatioun vum COSL an huet dräi Kanner.
    Mehr anzeigen Weniger anzeigen
    52 Min.
adbl_web_anon_alc_button_suppression_c
Noch keine Rezensionen vorhanden