• Episod 39 - Doesn’t butter me
    May 18 2025

    Zitt de Fändel an d’Luucht, wëscht de Sabber vun der Massage-Brëtsch an dot är 270€ Jeans-Box un - wéi hutt der net? Da sidd der an dëser Episod genee richteg. Vun der petite-bourgeoisie bis op Pöbel-Status, d’Queens sinn e puer Stackwierker no ënner gerullt. Fir genee ze si bis an Hotelzëmmeren, déi net emol Fënsteren hunn. Wärend d’Cat senge Medien-Dreem Äddi seet an elo Massagen zu Amsterdam gëtt, huet d’Sidsel decidéiert hatt géif ni méi Suen ausginn an domat indirekt dofir gesuergt, dass Dänemark net sou vill Publikumsvotte krut. Eent vun deenen Zwee hat tatsächlech eppes mam ESC-Voting ze dinn, beschäftegt sech awer léiwer mat dubiéiser Ootmungskompetenz. An deem Sënn: Déif anootmen, déif ausootmen, gär geschitt heimat hutt dir grad 243 Euro gespuert. Méi finance tipps a wéi een AM ELO lieft ginn et an der neister Selbsthilfe-Therapie-Sessioun vu Queens of Meh.

    Mehr anzeigen Weniger anzeigen
    49 Min.
  • Episod 38 - Gromperen-Couchelchen
    Apr 26 2025

    Brimborium leviosa oder fir et méi elegant auszedrécken f*ck JK Rowling. Domat starte mer eloquent wéi eh und je an dës Wonnerwelt vu Podcast. Maacht iech eng kleng Kuschelzäit a genéisst dat neit Konzept vu Queens of Meh: Dir lauschtert eis beim schlofen no – happy NAPisod. JOKE, wéi wann d’Camper-Conny an d’ curly-girl-Hagrid esou laang kéinte roueg bleiwen. Dofir gëtt et vill ze vill ze beschwätzen: Fotoen a sexy time Foren, dem Cat säi Lycée-Trauma an dem Sidsel seng Flecken op der Couche. Nieft dem Tëlee-Shopping, deen an den nächste Minutte bedriwwe gëtt, gëtt am Wonner-Soutien awer och no Emotiounen an Touri-Geschichte gewullt... mat Erfolleg? Klammt an den Taxi Fritzi a loosst iech iwwerraschen ob et Richtung Vagina oder Veganer geet.

    Mehr anzeigen Weniger anzeigen
    43 Min.
  • Episod 37 - Sidd dir eng Koppel?
    Apr 13 2025

    Maacht den Applaus-Knäppche prett well d’Thermomix Karen an d’Miss Nothum stinn an de Startlächer. Mat enger Pace vun 1:18 an e bësse krimineller Energie geet et Richtung Zil wou schonn déi gutt richent Norweger:inne waarden. Wat mécht eigentlech dem Cat säi Kiné berufflech? Wéi ass d’Sidsel sou séier 3-fach Mamm ginn? A steet ETA wierklech fir England the A*hole? Wimms, wumms, alles Froen, déi är Liblingskoppel iech an dëser Episod powered by delulu an Dommheet beäntwerten.

    Mehr anzeigen Weniger anzeigen
    46 Min.
  • Episod 36 - D’ass just eng Phas
    Mar 23 2025

    Jorelaang ass ee professionell Partymaus, et huet een e crush op den Drummer vun der Band an iergendwou am Kapp spillt ëmmer ee Lidd. A knapps ass een 28 muss ee sech mat co-parenting ausernee setzen, Lafschong kafen ass Thema Nummer 1 an et gëtt drop an derwidder gedierzt. Blöd just wann ee sech am eegene Gebuertsdatum geiert huet an een nach guer keng 28 ass. Kann ee jo mol verdrängen, genee esou wéi déi eege Sexualitéit oder den Typ deen am Gang no der IBAN Nummer freet. Firwat d'Cat zréck bei d'Psy sollt goen an d'Sidsel friem Leit ëmaarmt, dat gitt dir an dëser Episod vu Queens of Meh gewuer.

    Mehr anzeigen Weniger anzeigen
    51 Min.
  • Episod 35 - Mat der Dier an d’Pan
    Mar 8 2025

    Wann eng nei Episod um Weltfraendag opgeholl gëtt, da muss een natierlech mat geballter Alpha-Energie an d’Renne goen. Un der Startlinn stinn d’Sporty Spice & d’Koriander-Cat a maache sech waarm fir mat beschtem italieeneschen Accent iwwer Schwanzvergläich ze schwätzen. Wat Himmelsdéiercher domat ze dinn hunn a firwat Lëtzebuerg nach e weidere Männerpodcast brauch, dat fannt dir eraus wann dir dem Serge & Carlos nolauschtert - Kings of FraMEHnsch.

    Mehr anzeigen Weniger anzeigen
    53 Min.
  • Episod 34 - Flirt mat der Hand
    Feb 16 2025

    Rideau op: den inklusiven Theater mat Trigger Warnung, villen Emotiounen an zwou Kinniginne von und zu Meh ass am Duerf. Den Text sëtzt net ëmmer mee et gëtt un der Verständlechkeet geschafft, oder awer um verständnisvoll sinn? Virun allem d’Cat muss léiere wéini laachen ubruecht ass an d’Sidsel schafft u senger Karriär als Bus-Entertainer. A propos Trigger Warnung an dëser Episod ginn zwou Fraen ouni Kanner Erzéiungstipps, e Single kritiséiert Umaach-Strategien an e Snack geheit d’Fro vun eiser polnescher Community op. Wat kéint scho schif goen?!

    Mehr anzeigen Weniger anzeigen
    49 Min.
  • Episod 33 - Sexy Dumplings
    Feb 1 2025

    Dës Episod gëtt iech presentéiert vun der Léift - déi am Krankebett, déi live vum LSC a virun allem déi vum Sidsel sengem Partner. Spicy gëtt et awer net, héchstens cringe vue, dass den Altersënnerscheed tëscht eisen zwou Queens laut enger Infirmière bei mindestens 20 Joer läit. Och wann alles géint si geschwat huet, hunn d'pick me girl an d'girly girl sech an engem Lichtermeer vun Hallefwësse fonnt a loosse sech ni méi lass, villäicht och well soss eent vun hinnen aus dem Bett géif falen. Kannersécherung sei dank konnten d'Banaus-Bananen dës Woch awer ganz ouni Blessuren ophuelen an anere Leit hir Dilemm-lemms léisen an de Weltfridde lancéieren. An deem Sënn: Grönland save the queens, oder ëmgedréint.

    Mehr anzeigen Weniger anzeigen
    52 Min.
  • Episod 32 - D’Geschicht vum Meter Béier
    Jan 11 2025

    3…2…1 Apeldecken! An domat ass 2025 dann och offiziell lancéiert, an dat direkt mat enger existenzieller Fro: Wéi vill kann an enger Episod geflucht ginn? Problematesch ass an dëser Episod net just wéi vill misst gepiipt gi mee och är Hosts aka Junkien. Dopamin-junkies versteet sech, eppes aneres géif d’Sécherheetsmuecht vu Lëtzebuerg och guer net acceptéieren. A propos Sécherheet - Firwat d’Cat am Tram Leit opfuerdert d’Box rofzeloossen an d’Sidsel elo bei X-Faktor duerchstarte wëll fannt dir an der aktueller R-rated Episod vu Queens of Meh(th) raus.

    Mehr anzeigen Weniger anzeigen
    47 Min.