Queens of Meh Titelbild

Queens of Meh

Queens of Meh

Von: Queens of Meh
Jetzt kostenlos hören, ohne Abo

Über diesen Titel

Net wierklech schlecht awer och net präisgekréint gutt, eben einfach "Meh"! Villäicht ass d'Zil vun dësem Projet, dass d'facetimes agehale ginn, dat ass bei enger Fernfrëndschaft nämlech guer net esou einfach, villäicht ass et awer och eng gratis Therapiestonn fir d'Queens Cat & Sidsel, déi sech net ëmmer sou royal fillen. Ma och wann d'Liewe seng Meh-menter huet, ass keen Thema ze "meh" fir et net ze behandelen - An dësem Podcast gëtt, all zweeten Sonndeg, iwwer alles geschwat, ouni Tabu an heiansdo och ouni Punkt a Komma... En auditiivt "Schulterzucken", natierlech mat Kroun uewendrop!Queens of Meh Sozialwissenschaften
  • Episod 39 - Doesn’t butter me
    May 18 2025

    Zitt de Fändel an d’Luucht, wëscht de Sabber vun der Massage-Brëtsch an dot är 270€ Jeans-Box un - wéi hutt der net? Da sidd der an dëser Episod genee richteg. Vun der petite-bourgeoisie bis op Pöbel-Status, d’Queens sinn e puer Stackwierker no ënner gerullt. Fir genee ze si bis an Hotelzëmmeren, déi net emol Fënsteren hunn. Wärend d’Cat senge Medien-Dreem Äddi seet an elo Massagen zu Amsterdam gëtt, huet d’Sidsel decidéiert hatt géif ni méi Suen ausginn an domat indirekt dofir gesuergt, dass Dänemark net sou vill Publikumsvotte krut. Eent vun deenen Zwee hat tatsächlech eppes mam ESC-Voting ze dinn, beschäftegt sech awer léiwer mat dubiéiser Ootmungskompetenz. An deem Sënn: Déif anootmen, déif ausootmen, gär geschitt heimat hutt dir grad 243 Euro gespuert. Méi finance tipps a wéi een AM ELO lieft ginn et an der neister Selbsthilfe-Therapie-Sessioun vu Queens of Meh.

    Mehr anzeigen Weniger anzeigen
    49 Min.
  • Episod 38 - Gromperen-Couchelchen
    Apr 26 2025

    Brimborium leviosa oder fir et méi elegant auszedrécken f*ck JK Rowling. Domat starte mer eloquent wéi eh und je an dës Wonnerwelt vu Podcast. Maacht iech eng kleng Kuschelzäit a genéisst dat neit Konzept vu Queens of Meh: Dir lauschtert eis beim schlofen no – happy NAPisod. JOKE, wéi wann d’Camper-Conny an d’ curly-girl-Hagrid esou laang kéinte roueg bleiwen. Dofir gëtt et vill ze vill ze beschwätzen: Fotoen a sexy time Foren, dem Cat säi Lycée-Trauma an dem Sidsel seng Flecken op der Couche. Nieft dem Tëlee-Shopping, deen an den nächste Minutte bedriwwe gëtt, gëtt am Wonner-Soutien awer och no Emotiounen an Touri-Geschichte gewullt... mat Erfolleg? Klammt an den Taxi Fritzi a loosst iech iwwerraschen ob et Richtung Vagina oder Veganer geet.

    Mehr anzeigen Weniger anzeigen
    43 Min.
  • Episod 37 - Sidd dir eng Koppel?
    Apr 13 2025

    Maacht den Applaus-Knäppche prett well d’Thermomix Karen an d’Miss Nothum stinn an de Startlächer. Mat enger Pace vun 1:18 an e bësse krimineller Energie geet et Richtung Zil wou schonn déi gutt richent Norweger:inne waarden. Wat mécht eigentlech dem Cat säi Kiné berufflech? Wéi ass d’Sidsel sou séier 3-fach Mamm ginn? A steet ETA wierklech fir England the A*hole? Wimms, wumms, alles Froen, déi är Liblingskoppel iech an dëser Episod powered by delulu an Dommheet beäntwerten.

    Mehr anzeigen Weniger anzeigen
    46 Min.
Noch keine Rezensionen vorhanden