Haut, Muer an Deemools Titelbild

Haut, Muer an Deemools

Haut, Muer an Deemools

Von: Harmonie Municipale Differdange
Jetzt kostenlos hören, ohne Abo

«Haut, Muer an Deemools», de Podcast vun der Harmonie Municipale Differdange, oder einfach, vun der Déifferdenger Musek. Gegrënnt 1884, huet de Veräin eng räich Geschicht hannert sech mee och nach vill viru sech. Hei kritt dir iwwer Interviewe mat Zäitzeie mat, wéi et deemools war, haut ass a muer hoffentlech wäert sinn. Lauschtert no an erlieft en nostalgeschen an informativen Abléck iwwert d’Origine vun der HMD. Der héiert perséinlech Geschichte vun de Memberen, a léiert iwwer d’Entwécklung an d’musikalesch Ierfschaft vum Veräin.Harmonie Municipale Differdange Musik
  • Episod 14 - Eugène Schmitz
    May 29 2026

    An dëser neier Episod vun eisem Podcast schwätze mer mam Eugène Schmitz, och Usch genannt. Den Usch huet an der Déifferdenger Musek ugefaangen mam Hautbois a spillt de Moment Saxofon Tenor. Do dertëscht huet en och Saxofon Bass a Pauke gespillt. Hie war och a villen anere Museksveräiner, ënnert anerem zu Nidderkuer an der Fanfare, zu Rodange, Lamadelaine a zu Biekerech an der Musek. Eng Folleg déi Dir op kee Fall verpassen dierft. Lauschtert eran!

    Produktioun: Harmonie Municipale Differdange

    Animatioun: Louis Elsen a Gilles Krein

    Technik: Michel Pereira

    Opgeholl den 22. Abrëll 2026 am Musekssall vun der HMD.

    Mehr anzeigen Weniger anzeigen
    31 Min.
  • Speziell Episod - 1. Mee Feier
    May 1 2026

    Eng liicht aner Episod wéi dat wat dir gewinnt sidd. Haut hu mir eise Podcaststudio an d'Natur bruecht fir kënnen "live" vun eiser 1. Mee Feier Andréck ze sammelen. Den 1. Mee feiert d'Déifferdenger Musek traditionnell zesummen mat de Lanz Bulldog Frënn an dem Gaart an Heem Uewerkuer an haut hu mir Musikanten an och net Musikante gefrot wat si vum éischte Mee an eisem Veräin halen.

    Sinn interviewt ginn: Sam Hermes, Raphael Mosar, Michel Meisch, Réjane Nennig, Fuang-Fa Weber, Elisa Bucarini, Louis Alves a Gonçalo Martins Enes.

    Produktioun: Harmonie Municipale Differdange

    Animatioun: Louis Elsen a Michel Pereira

    Opgeholl den 1. Mee 2026 an de Schrebergäert vum Gaart an Heem Uewerkuer.

    Mehr anzeigen Weniger anzeigen
    35 Min.
  • Episod 13 - Véronique Bernar - Abléck an de Programm vum nächste Concert
    Mar 30 2026

    An dëser Episod schwätze mir net iwwert d'Geschicht vum Veräin an och net vun den Anekdote vun eise Memberen, mee mir diskutéiere mat eiser Cheffin Véronique Bernar iwwert de Programm vun eisem nächste Concert Dreams & Fantasy, deen de 17. Mee 2026 am Kulturzentrum Aalt Stadhaus stattfënnt.

    Produktioun: Harmonie Municipale Differdange

    Animatioun: Louis Elsen a Gilles Krein

    Technik: Michel Pereira

    Opgeholl den 30. Mäerz 2026 am Musekssall vun der HMD.

    Kapitelen:

    01:16 Titel vum Concert

    10:09 The Lone Ar-ranger - Philip R. Buttall

    12:23 Opbau vum Concert

    19:13 Imagasy – Thiemo Kraas

    23:20 Morpheus – Randall D. Standridge

    32:54 Fables and Fantasies – Willy Fransen

    33:57 Rapunzel – Bert Appermont

    39:36 The Engulfed Cathedral – Claude Debussy / arr. José Schyns

    43:10 The Irish Washerwoman – Leroy Anderson

    46:33 Schluss


    Mehr anzeigen Weniger anzeigen
    47 Min.
adbl_web_anon_alc_button_suppression_t1
Noch keine Rezensionen vorhanden