Folgen

  • S01E06 - Ménage à trois
    Feb 3 2026
    Et ass d'Joer 1975. Vun elo un a fir op mannst déi nächst 10 Joren heescht de Probleem Nummer 1 zu Lëtzebuerg Stolkris. De Lëtzebuerger Tripartite-Modell faasst ënnert der DP-LSAP-Koalitioun Fouss. Regierung, Gewerkschaften, a Patronat mussen zesummen no Léisunge sichen – a léieren, sech géigesäiteg ze verstoen a Kompromisser anzegoen. Am Spill steet nämlech d'Existenz vun der Stolindustrie, déi Dausende vu Mënsche beschäftegt. D'Colette Flesch war déi Zäit Vize-, Aussen-, Wirtschafts- a Justizministesch. Si an de Kik Schneider, fréiere Member vum Staatsrot a Conséilspresident vum Lëtzebuerger Journal, ziele vum Gaston Thorn, deemolege Premier, a schwätzen doriwwer, wéi d'Colette Flesch d'Tripartitten an d'staatlecht Agräifen an den Arbed-Betrib erlieft huet – a firwat si an den 80er d'Stolindustrie als "industrie crépusculaire" bezeechent huet. Eng Ausso, un déi de Michel Wurth, haut Conséilspresident vun ArcelorMittal Lëtzebuerg an deemools Finanzanalyst vun der Ekipp vum Emmanuel Tesch, déi Zäit Präsident vun der Arbed, sech gutt erënnere kann. De Jean-Claude Juncker, fréiere Premier, war President vun der Chrëschtlech-sozialer Jugend a spéider Staatssekretär fir Aarbecht a Sécurité sociale. Hien zielt vun de Follgen, déi d'Division Anti-Crise fir Aarbechter*innen hat. De wichtegste Gewerkschaftler deemools, dat war den John Castegnaro. Säi Bouf, de Guy Castegnaro, an de Robert Schneider, fréiere Journalist, hunn zesummen d'Buch "De Casteg" iwwert hie geschriwwen. Si ginn op d'Grënnung vum OGBL an. Merkur vun der Chambre de Commerce: https://merkur.lu/ A Gedenken un d'Colette Flesch (1937-2026).
    Mehr anzeigen Weniger anzeigen
    56 Min.
  • S01E05 - Oppen Dieren
    Jan 20 2026
    Et ass de 24. Abrëll 1951. Zu Colmar-Bierg versammele sech e gudde Koup dichteg a wichteg Leit aus Lëtzebuerg, den USA, England an Holland. Hei gëtt nämlech d'Produktioun vun der éischter US-amerikanescher Firma lancéiert, déi hire Wee op Lëtzebuerg fonnt huet: d'Goodyear. Dowéinst fänkt eis Spueresich des Kéier beim Miguel Simon un, deen haut Manager bei Goodyear Mounting Solutions ass. D'Industriesitten hunn den zweete Weltkrich zwar méi oder manner gutt iwwerstanen, mee et war alles anescht wéi einfach, d'Schwéierindustrie mat Koks ze versuergen. D'Lëtzebuerger Regierung war sech bewosst: D'Wiertschaft muss diversifizéiert ginn. Ma fir d'éischt misst Europa sech nei opstellen – an nei Kooperatioune fannen, fir Buttek sou gutt wéi méiglech ze vermeiden. D'Colette Flesch, déi vun 1964 bis 1969 am Verwaltungsrot vun den Europäesche Gemeinschaften (EG) war, weess, wat sech fir Lëtzebuerg um institutionellen Niveau mat der Benelux an den EG verännert huet. De Robert Schneider, fréiere Journalist, erzielt, wéi d'Land sech nom Krich politesch positionéiert huet, wärend de Carlo Thelen de Lien zum Plan Marshall an der Moderniséierung vun der Industrie mécht. D'Diversifizéierung, déi huet net nëmmen Industriekonzerner ugelackelt, ma och US-amerikanescht Kapital. De Kik Schneider, fréiere Member vum Staatsrot a Conseilspräsident vum Lëtzebuerger Journal, an de Prof. Benoît Majerus, Fuerscher beim Luxembourg Centre for Contemporary and Digital History, erklären, wéi d'Finanzplaz gewuess ass. A wann sech um Pabeier villes gebessert huet, konnt d'Aarbecht an der Stolindustrie nach ëmmer liewensgeféierlech ginn, esou de Léon Leszczynski, dee mat 17 Joer ugefaang huet, an de Minnen ze schaffen. Merkur vun der Chambre de Commerce: https://merkur.lu/
    Mehr anzeigen Weniger anzeigen
    48 Min.
  • S01E04 - Vun de Bouwen, déi gefeelt hunn
    Jan 6 2026
    Et ass den 31. August 1942. Bei der Post trëppelen se vun engem Fouss op den aneren. D'Aarbecht schleeft. Et gëtt gepëspert: Stëmmt et, dass se zu Wooltz grad um Streike sinn? An zu Schëffleng? Souguer zu Ettelbréck? Den Dag virdrunner gouf ugekënnegt, dass och d'Lëtzebuerger Bouwen elo virun der Wehrpflicht stinn. Uechter d'Ländchen ass iwwer zwee Deeg e Generalstreik ausgebrach. E Moment vun der Resistenz, deen Affer mat sech bruecht huet, mee net verhënnere konnt, dass d'Lëtzebuerger Jongen an d’Wehrmacht agezu goufen. Eis Spueresich fänkt dowéinst beim Mike Orazi un, Präsident vun der Amicale de la Poste. D’Grënnung vun dëser hänkt nämlech domadder zesummen, dass zwee Postbeamte mam Liewen dofir bezuelt hunn, um Streik deelgeholl ze hunn. D’Colette Flesch, eemoleg Vize-Premierministesch a fréier Aussen-, Justiz- a Wirtschaftsministesch, deelt Erënnerunge vun der Evakuatioun vum Minett. De Carlo Thelen vun der Chambre de Commerce an de Michel Wurth vun ArcelorMittal ginn en Iwwerbléck doriwwer, wéi d'Stolindustrie sech huet missen un déi däitsch Wirtschaftsplanung upassen, wärend de Jos Thull vum Musée Patton zu Ettelbréck doriwwer schwätzt, wat d'Besatzung an d'Anzéie vun de Bouwe fir Baueren an Handwierksbetriber bedeit huet. An och gouf probéiert, d'Bouwen, déi gefeelt hunn, mat sougenannten Ostarbeiter*innen an der Landwirtschaft an an der Stolindustrie ze kompenséieren. Zu dësem däischtere Kapitel vun eiser Geschicht huet d'Prof. Inna Ganschow, Fuerscherin op der Uni Lëtzebuerg, vill recherchéiert. Merkur vun der Chambre de Commerce: https://merkur.lu/
    Mehr anzeigen Weniger anzeigen
    51 Min.
  • S01E03 - D'Fauscht op den Dësch
    Dec 23 2025
    Et ass 1917 – kuerz virum Enn vum éischte Weltkrich. D'Leit zu Lëtzebuerg ginn net anstänneg bezuelt an d'Iesse kënnt net méi op den Dësch. Uechter de Minett organiséieren d'Gewerkschaften ëmmer méi heefeg Streiker an Demonstratiounen. Et sinn déi éischt vun enger ganzer Serie, déi d'Tëschekrichszäit prägen. Demonstratiounen, déi sou wuel vun Erfolleg wéi och vu Scheitere gezeechent waren. Trotzdeem géif et haut zu Lëtzebuerg keng richteg Streikkultur ginn, erkläert de Guy Castegnaro, Affekot fir Aarbechtsrecht. D'Colette Kutten, déi sech an den 80er Joren am Mouvement de Libération des Femmes (MLF) engagéiert huet, an d'Gabrielle Antar, Matbegrënnerin vun "Déi Aner" a vum Waassermeloun-Kollektiv, erzielt, firwat et och haut nach wichteg ass, sech fir eppes anzesetzen. D'Nora Back, Presidentin vun der Chambre des salariés, de Frederik Krier, Historiker vum OGBL, mee och de Robert Schneider, fréiere Journalist, schwätzen iwwert d'Evolutioun vun de Gewerkschaften an de Streiker an eisem Land. De Michel Wurth vun ArcelorMittal Lëtzebuerg an de Jean-Claude Juncker ergänzen dëst mat hire Familljenerënnerungen vun der Stëmmung, déi zur Zäit vun der Stolkris geherrscht huet. Net ze vergiessen: De Benoît Majerus, Fuerscher op der Uni Lëtzebuerg, erzielt, wéi aus engem Crash op der Bourse schonn 1929 d'Lëtzebuerger Finanzplaz gebuer gouf. Merkur vun der Chambre de Commerce: https://merkur.lu/
    Mehr anzeigen Weniger anzeigen
    51 Min.
  • S01E02 - A man's world
    Dec 9 2025
    Et ass de 14. September 1910 – an zu Esch ass fatzeg eng lass. Am Quartier Grenz gouf eng Koppel, déi mat Kuel handelt, brutal ermort. D'Police hadert domat, erauszefannen, ween den Täter ass. An dat iwwer Joren: Gesicht gëtt bei den Aarbechter*innen, mee de Mäerder ass een eemolege Polizist. E Mord, deen net vum Wuesstum vun der Stolindustrie an dem verännerte soziale Klima ze trennen ass, wéi de Jérôme Quiqueret, Auteur vum Buch "Tout devait disparaître", eis an dëser Episod erzielt. De Fall ass nämlech e Symptom vun den Upassungsschwieregkeeten zu engem Moment, wou grad e puer Männer aus eisem Ländchen hiert Spillfeld maachen. Wéi a wisou et zu deene Probleemer komm ass – a wat dorauser entstoe konnt – deem ass d'Sherley op d'Spuer gaangen. De Carlo Thelen vun der Chambre de Commerce an de Michel Wurth vun ArcelorMittal erziele méi iwwert déi Industriell, déi hannert dësem Wuesstum stiechen. De Stefan Krebs an de Benoît Majerus, allen zwee Fuerscher op der Uni Lëtzebuerg, ginn an den Detail iwwer d'Finanzéierung vun der Stolindustrie an d'Main d'Oeuvre, déi béid dacks aus dem Ausland koumen. Ma och déi sozial Dimensioun dierf net vergiess ginn. Doriwwer schwätzen de Guy Castegnaro, Affekot am Aarbechtsrecht, an de Robert Schneider, pensionéierte Journalist, ma och de Jean-Claude Juncker, fréiere Lëtzebuerger Premier a EU-Kommissiounspresident. Merkur vun der Chambre de Commerce: https://merkur.lu/
    Mehr anzeigen Weniger anzeigen
    46 Min.
  • S01E01 - Prolog
    Nov 25 2025
    Eis Geschicht fänkt am Joer 1882 un. Den Norbert Metz a Victor Tesch decidéieren: Zu Diddeleng gehéiert eng Schmelz hin. Dorauser entstanen ass e bléiende Stolkomplex, deen sech ëmmer rëm weiderentwéckele misst. Haut ass d'Schmelz ausser Betrib. Schlofe mécht se awer net. Wat elo do geschitt, ass sech d’Sherley am VeWa ukucke gaangen. De Kënschtler Thomas Steinmann a de Serge Ecker vun DKollektiv erzielen eis vun hirem Projet. Mee genau sou, wéi et e Lëtzebuerg no der Schmelz gëtt, gouf et e Lëtzebuerg virun der Schmelz. An zwar eent, dat sech selwer versuerge misst. Doriwwer schwätze mer mam Percy Lallemang vum Peppenger Baueren- an Handwierksmusée. Hie kuckt zeréck eis op déi éischt agraresch Wuerzele vun eisem Ländchen. Donieft erzielt d'Sylvie Hamus, Schneiderin a Präsidentin vun der Meechterprüfungskommissioun, dovunner, wéi hir Virfaren d'Vollek gekleet huet, wärend de Georges Ginter vun der Gebuert vun der Textilindustrie schwätzt an de Carlo Thelen vun der Chambre de Commerce z‘illustréie weess, wéi d'Handwierks- an Handelslandschaft am 19. Joerhonnert ausgesinn huet. A wéi déi fréi Stolindustrie da schlussendlech ausgesinn huet, dat erzielt eis de Michel Wurth vun ArcelorMittal. Merkur vun der Chambre de Commerce: https://merkur.lu/
    Mehr anzeigen Weniger anzeigen
    43 Min.
  • flux - Trailer
    Nov 6 2025
    Ab dem 25. November 2025.
    Mehr anzeigen Weniger anzeigen
    2 Min.