New Work Titelbild

New Work

New Work

Von: Chambre des salariés | Studio J (Lëtzebuerger Journal)
Jetzt kostenlos hören, ohne Abo

Über diesen Titel

Den Aarbechtsmarché ass permanent amgaangen sech ze veränneren. D'Pandemie huet dat nach emol acceleréiert. Wéi gesäit d'Aarbechtswelt vun haut aus? Wéi eng Faktore ginn ëmmer méi wichteg a wou leien d'Geforen? Dorëms geet et am Podcast "New Work", eng Kollaboratioun tëscht der Chambre des salariés an dem Lëtzebuerger Journal.Lëtzebuerger Journal Bildung Erfolg im Beruf Ökonomie
  • New Work #23 - Acquis ou conquis sociaux ?
    Nov 10 2025
    Fir d’Aarbechtsrechter vun haut gouf haart gekämpft. Do wou d’Chambre des salariés hikomme wëll, si mir haut awer nach net ukomm. Firwat brauche mir Gewerkschaften? Wéi eng Aarbechtsrechter konnt een sech an der Vergaangenheet erkämpfen? An wéi kollaboréieren d’Gewerkschaften an d’Chambre des Salariés zesummen? All déi Froe si virun allem an der haiteger Zäit, wou d’Tripartite ëmmer nees duerch d’Streidegkeeten an d’Opmierksamkeet geréit, wichteg. Genee dat beschwätze mir an dëser Episod mam Nora Back, Presidentin vun der Chambre des salariés, a mam Sylvain Hoffmann, Direkter vun der Chambre des salariés.
    Mehr anzeigen Weniger anzeigen
    21 Min.
  • New Work #22 - Panorama social 2025
    Oct 21 2025
    Ee Mol am Joer mécht d’Chambre des salariés de Point iwwert déi sozial Situatioun zu Lëtzebuerg. Wéi eng Inegalitéiten existéieren a gi méi grouss? Ween ass vun Aarmut betraff a virun allem firwat? An wat kann d’Politik maachen, fir de soziale Panorama zu Lëtzebuerg opzebesseren? All dat gräifen déi Responsabel fir de Panorama Social vun der CSL op a sichen no Léisungen. Festgehale gëtt all dëst an engem Dokument, wat der Politik an dem grousse Public fir näischt zur Verfügung steet. Wéi dëse Panorama Social zustane kënnt, wat d’Erkenntnisser zum Panorama 2025 sinn a wat mir dorausser kënne léieren… Doriwwer an iwwer villes méi schwätze mir mam Nathalie Georges an dem Félix Martins, alle béid Conseillere bei der Chambre des salariés.
    Mehr anzeigen Weniger anzeigen
    16 Min.
  • New Work #21 - D'Weiderbildung am Erwuessenenalter
    Oct 2 2025
    Et ass een ni ze al, fir nei Saachen ze léieren. Fir sech weider ze bilden an een neien Diplom ofzeschléissen och net. Vun enger Beruffsausbildung, wéi den DAP bis de Master, kann een Diplomer an divers Zertifikaen och nach wärend senger Carrière maachen. D'Chambre de salariés setzt sech dofir an, dass all Mënsch d'Méiglechkeet kritt, sech ze qualifizéieren. Iwwerdeems bidden si och selwer Formatiounen iwwert de Lifelong Learning Center un a beräicheren esou d'Panoplie vun der Offer hei am Land. Doriwwer an iwwer villes méi schwätze mir mam Jeannine Kohn, Conseillère an der Direktioun vun der CSL.
    Mehr anzeigen Weniger anzeigen
    22 Min.
Noch keine Rezensionen vorhanden